Stroosseluuchte bleiwen aus vun 01:00 bis 05:00 Auer

💡🏡 An den nächsten Deeg wäert Dir als Awunner vun der Waler & Groussbusser Gemeng bemierken, dass d’Stroossebeliichtung an den Dierfer vun 01:00 bis 05:00 Auer ausbleiwe wäert.
Dëst ass eng vun de Recommandatiounen am Kader vum nationalen Energiespuerplang « Zesumme spueren, Zesummenhalen »,déi an den zwou Gemengen ëmgesat gëtt.
Méi Informatiounen dozou fannt dir op: https://www.klima-agence.lu/de
Aller au contenu principal