Loscht fir sech ze engagéieren an d’Integratioun vun den « Demandeur de Protection international » ze fuerderen …
An der « Structure d’hébergement » zu Wal liewen « demandeurs de protection international (DPI) » sou wéi och « bénéficières de protection international (BPI) ».
Säit dem Ufank vun dësem Joer geréiert d‘Rout Kräiz dës Struktur. Hei liewen haaptsächlech Famillen. D’Kanner aus dëse Famille si scolariséiert, sou wéi all Kand a Lëtzebuerg. Vu dass d’Leiere vun enger neier Sproch an neie Fächer schwéier ka sinn, bréichte verschidde Kanner Hëllef bei hiren Hausaufgaben a beim Léiere vun den néie Sproochen.
Mir sichen dofir Fräiwëlleger déi bereet wieren de Kanner aus dem Foyer bei hiren Hausaufgaben ze hëllefen.
Mir hoffen op är Hëllef an Ennerstëtzung.
Wann dir interesséiert sidd oder weider Froen huet, da mellt iech beim Foyer per mail op wah.migrants@croix-rouge.lu oder per Telefon um 2755 5438.
Merci ,
är Ekipp vum Foyer Wahl