
Kino Summer am Kanton Réiden

Loscht fir sech ze engagéieren an d’Integratioun vun den « Demandeur de Protection international » ze fuerderen …
An der « Structure d’hébergement » zu Wal liewen « demandeurs de protection international (DPI) » sou wéi och « bénéficières de protection international (BPI) ».
Säit dem Ufank vun dësem Joer geréiert d‘Rout Kräiz dës Struktur. Hei liewen haaptsächlech Famillen. D’Kanner aus dëse Famille si scolariséiert, sou wéi all Kand a Lëtzebuerg. Vu dass d’Leiere vun enger neier Sproch an neie Fächer schwéier ka sinn, bréichte verschidde Kanner Hëllef bei hiren Hausaufgaben a beim Léiere vun den néie Sproochen.
Mir sichen dofir Fräiwëlleger déi bereet wieren de Kanner aus dem Foyer bei hiren Hausaufgaben ze hëllefen.
Mir hoffen op är Hëllef an Ennerstëtzung.
Wann dir interesséiert sidd oder weider Froen huet, da mellt iech beim Foyer per mail op wah.migrants@croix-rouge.lu oder per Telefon um 2755 5438.
Merci ,
är Ekipp vum Foyer Wahl
GRATISPAKET MIT SCHMETTERLINGSSTAUDEN
FÜR IHREN GARTEN!
PAQUET GRATUIT DE VIVACES À PAPILLONS
POUR VOTRE JARDIN !
Zum Joresenn mécht de Schäfferot vun der Gemeng Wal een Opruff, d’Ofschéisse vu Freedefeier, Knupperten a Rakéite sinn ze loossen, dëst am Interessi vun der Sécherheet vun de Mënschen, den Déieren, de Gebaier an der Ëmwelt.
Ofgesi vum Kaméidi a vum Knascht, em deen sech dacks herno kee méi këmmert, riskéieren des schlecht Gewunnechten an den aktuell schwieregen Zäite besonnesch déi Leit ze stéieren, déi am meeschten ënnert der Situatioun leiden.
Jiddereen ass perséinlech haftbar fir Schied, déi en engem anere verursaacht.
Mir soen iech am Viraus Merci fir Äert Versteesdemech, äre Respekt, är Solidaritéit a wënschen iech besënnlech Feierdeeg an ee gesond Joer 2022!
A l’occasion de l’approche des jours de fête et de fin d’année, le collège des bourgmestre et échevins fait un appel aux citoyens de renoncer à toutes sortes de feux d’artifice et de pétards dans l’intérêt de l’ordre public, de la sécurité des citoyens, des animaux, des immeubles et de l’environnement.
Indépendamment des fortes nuisances acoustiques et de la pollution engendrées, ces mauvaises habitudes risquent de gêner surtout les personnes qui souffrent le plus de la situation actuellement difficile.
Il est évident que toute personne est personnellement responsable pour des dégâts causés à autrui.
Nous vous remercions d’ores et déjà de votre compréhension, respect, solidarité et vous souhaitons de bonnes fêtes de fin d’année. Restez en bonne santé !
Schneedienst / Déblayage de la neige
Dësse Service gëtt offréiert vum « Service aux citoyens« .
Ce service est offert par le « Service aux citoyens ».
Fir méi Informatiounen / pour plus d’informations:
20211110 Forum Affiche_schnéidengscht
De CDJ Nei Brasilien bitt Iech gratis Hëllef un beim Schnéi schëppen.
Méi dozou um Flyer: 20211116 CDJ Nei Brasilen – Schnéi-schëppen 21-22
Op Grond vun Allerhellegen e Méindeg den 1. November, gëtt déi gro Dreckskëscht (déchets ménagers) dëse Samschdeg den 30. Oktober 2021 eidelgemeet.
Eis Buergermeeschtesch Christiane Thommes-Bach huet zesumme mam Minister fir de Logement Henri Kox, am Kader vun der regionaler Konferenz, d’Konvention ënnerschriwwen, déi de Grondsteen fir de « Pacte Logement » 2.0 leet.
Wiem gehéiert dëse Schlëssel?
Dir kënnt Iech mellen um Biergerzenter vun der Gemeng um 83 81 85 – 1.
Dëst sinn kuerz a kannerfrëndlech (3-5km) Trëppeltier an den 10 Gemenge vum Kanton Réiden an der Gemeng Mäerzeg – eng flott Iddi fir d’Summervakanz heiheem 😎
👉 📖 D’Bichelcher mat den Trëppeltier sinn ab elo och bei eis op der Gemeng ze kréien. Wann Dir interesséiert sidd, rufft eis w.e.gl. am Biergerzenter un, de Stock ass limitéiert!
Den Détail fannt Dir op www.klima.lu/safari.
D’Gemeng ass houfreg op hier Sportler aus der Gemeng déi 2019, 2020 an och schonn dëst Joer op eng Podiumsplaz komm sinn. Een Artikel mat de jeeweilegen Titele fannt Dir an der nächster Waler Uucht.
E Méindeg den 12/07/2021 huet eng Sportleréierung stattfonnt fir d’Sportler fir d’Joeren 2019 an 2020 ze éieren.
Maacht weider esou!
Hei e puer Fotoe vun eise Sportler Amy Breuer, Jonathan Kalweit, Pitt Schneider, Foos Ferber a Larry Valvasori:
D‘Schäffen-a Gemengeréit vu Wal a Groussbus wëllen hiere Bierger Merci soe fir hiert Vertrauen!
Béid Schäfferéit hu sech dann och scho gëschter de Moien zu Wal gesinn fir déi nächst Schrëtt fir d’Fusioun ze plangen.
Déi genau Zuele fir d’Waler Gemeng fannt Dir hei:
Règlement de circulation temporaire à l’occasion d’une cérémonie funéraire le samedi 12 juin 2021 à Rindschleiden.
Le détail peut être consulté sur le plan et ainsi que dans notre « Online Reider »:
D’Gemeng Wal trauert ëm hire fréiere Buergermeeschter Marco Assa, deen e Méindeg am Alter vu 45 Joer no laanger Krankheet verstuerwen ass.
Mir drécken der Famill eis déifste Matgefill aus.
D’Gemeng Wal stellt hire Bierger gratis Schnelltester zur Verfügung, déi an enger vun den 3 Apdikten aus dem Kanton Réiden (Groussbus, Rammerech oder Réiden) duerchgefouert an zertifiéiert kënne ginn.
D’Awunner déi interesséiert sinn kënnen ee Bong mam Schnelltest an de Biergerzenter vun der Gemeng Wal zu de gewinnten Ëffnungszäiten an op Rendez-Vous (Méindeg, Dënschdeg, Donneschdeg vun 08:00 bis 12:00 Auer a Mëttwochs vun 14:00 bis 18:30 Auer) siche kommen.
!!! Opgepasst !!! De Stock ass limitéiert an deen Éischten ass fir.
L’Asbl “Kanner- a Jugendbetreiung Atert” se propose d’engager pour son service “Sport-Krees Atert” UN RESPONSABLE EN EDUCATION PHYSIQUE (m/f) à 20 heures par semaine
à durée indéterminée sous le statut de salarié(e), ayant des compétences en éducation physique et sportive pour encadrer des cours sportifs pour jeunes entre 4 et 17 ans.
Qualifications requises :
Éducateur diplômé avec notions en sports et entraînements de jeunes
ou licencié en éducation physique et sportive
ou certificats de formation sportive (ENEPS ou équivalents)
Langues parlées : luxembourgeois, français et allemand
Les candidats sont tenus d’adresser leur demande jusqu’au 9 avril 2021 à l’adresse suivante :
SPORT-KREES ATERT
33, Grand Rue
L-8510 REDANGE/ATTERT
Auch in Zeiten von Social Distancing gibt es verheerende Zutaten, vor denen es sich in der Kakaoindustrie zu schützen gilt: Niedrigsteinkommen und extreme Armut der Produzent*innen, Ausbeutung von Kindern auf Plantagen, übermäßiger Einsatz von Pestiziden sowie massive Abholzung.
Fairtrade engagiert sich für den Schutz der Produzenten*innen, einen existenzsichernden Lohn und menschenwürdige Arbeits- und Lebensbedingungen.
Entscheiden auch Sie sich für Fairtrade-zertifizierte Produkte und unterstützen Sie so die Kakaoproduzenten*innen in Westafrika und Lateinamerika.
Mehr Informationen unter: www.fairtrade.lu
De Prinzip vun dëssem Projet (www.klengschrett.lu) vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l. ass folgenden:
All zwee Méint gëtt een anert Theema an de Fokus gesat. Dir kritt am viraus Informatiounsmaterial zougeschéckt, wat Dir a ärer Gemeng, Entreprise oder Organisatioun jee no Besoin fräi notze kënnt. Dëst besteet aus:
Dir wëllt matmaachen?
Einfach eng Email un info@ebl.lu maache fir sech an d’Verdeelerlëscht anzeschreiwen.
De CMCM-Bus kënnt eis an dat de Méindeg 15/02/2021 an steet tëscht 09.00 an 13.00 Auer virun der Gemeng zu Wal.