|
4
Felder am Kräiz ; 1 a 4 sėlwer a blo horizontal gesträift
a mat roudem Léif ouni Kroun, dee bei 1 no baussen,
bei 4 no banne kuckt; 2 an 3 sėlwer a rout horizontal gesträift.
Mat breedem schwaarze Kräiz, uewen an ėnnen a riets a
lenks bis un de Rand; um Schnėttponkt dovun e klengt gėllent
Kräiz mat Kléiblatspėtzen un den Extremer; am
klenge Kräiz 5 Rubinen, um Schnettponkt an den Extremer.
Historesch Erklärungen
D'Gemeng
Wa(h)l huet fir de gréissten Deel den Herrschaften
Esch an Useldeng gehéiert, ower Heeschpelt a Kéiber
der Vogtei (prévoté) Arel. D'Felder 1 a 4, de
Wope vu Letzebuerg, mä ouni Kroun erėnnert un d'Vogtei
vun Arel; d'Felder 2 an 3 sinn d'Wope vun der Famill Esch-Useldeng.
Dat
schwaarzt Kräiz weist op den Däitsch-Uerden, dem
Randschelt gehéiert huet, an deem seng Kierch dem Hellege
Willibrord geweit war, wourun dat klengt Kräiz mat de
Kléiblatspėtzen erėnnert, dat an sengem Ornament op
e Reliquieschrein hiweist.
|